De Franky Hippert am Studio vun RTL, wou hien eng Formel 1-Course kommentéiert. Foto: SCRIPT

„Du muss de Sport liewen!“

13. April 2023

Wéi gëtt ee Sportjournalist a wéi bereet ee sech vir, fir zum Beispill eng Formel 1-Course ze kommentéieren? De Franky Hippert ass zanter 20 Joer Sportjournalist bei RTL Radio an RTL Télé. Am Interview mam Piwitsch erkläert hien, wéi hien aus sengen zwou Passiounen, de Sport a Radiomaachen, säi Beruff gemaach huet. Eng Passioun ass, wann een eppes immens gäer mecht. „Du muss ëmmer un däin Draam gleewen. Da sinn d’Chance ganz grouss dass en sech realiséiert“, seet de Franky Hippert. Et bedeit awer och ganz vill Aarbecht fir als Sportjournalist grouss Matcher oder Coursen däerfen ze kommentéieren.

TEILEN

Weitere Topthemen

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?