D'Superheldinnen an d'Superhelden hunn Buttons an Aufkleber gesammelt fir op hir Capen. Foto: SCRIPT

Du bass d’Superheldin oder de Superheld vun denge Rechter !

19. Mai 2023

De 17. Mee war am „ Parc Merveilleux“ zu Beetebuerg de grousse Kannerrechts-Rallye – De Piwitsch war och dobäi an erzielt dir, wat do lass war.

D’Déieren am „Parc Merveilleux“ zu Beetebuerg waren nach net all erwächt Mëttwochmoies, de 17. Mee, du ware scho vill Leit do ënnerwee, fir de Kannerrechts-Rallye opzeriichten. E Rallye ass e bestëmmte Wee, deen ee geet an op deem Wee ginn et e puer Statiounen, wou een Aktivitéite maache kann. Esou war dat och bei dësem Rallye, dee vum „Service des Droits de l’Enfant“ aus dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zesumme mat villen anere Leit organiséiert gi war. „Droits de l’Enfant“, dat ass Franséisch fir „Kannerrechter“. Déi Kannerrechter sinn an engem groussen Text festgehalen, deen iwwerall op der Welt fir all Kand soll gëllen.

Foto: SCRIPT

D’Recht op Liewen, Iwwerliewen an Entwécklung

An dësem Text, deen och Konventioun genannt gëtt, steet zum Beispill d’Recht op Liewen, Iwwerliewen an Entwécklung. Dat war ee vun de Kannerrechter, déi d’Kanner d’läscht Joer beim Kannnerrechtsfest – dat och am Beetebuerger Märchepark war – als eent vun de wichtegste Rechter ausgewielt hunn.

Mee fir dass dat Recht ka gëllen, mussen och vill aner Rechter garantéiert sinn. Zum Beispill d’Recht op Schutz: E Kand däerf net a geféierlech Situatioune kommen, wou et verletzt gëtt oder esouguer stierwe kann. En anert Beispill ass d’Recht op Gesondheet: E Kand muss ëmmer gehollef kréie wann et krank ass an et muss alles gemaach ginn, fir dass et net krank gëtt. Och d’Recht bei senger Famill bleiwen ze kënnen ass ganz wichteg, an natierlech och d’Recht op genuch Iessen a proppert Waasser. Fir dass Kanner sech gutt entwéckele kënnen, brauche si och Schoul, Fräizäit, Informatioun a musse matbestëmme kënne, wéi si liewe wëllen.

Gutt Laun um Stand vum Piwitsch! Foto: SCRIPT

Sechs Statioune mat vill Informatiounen

Op all Statioun vum Kannerrechts-Rallye waren een oder méi vun deene Rechter en Theema. Bei der Statioun vum Piwitsch konnten d’Kanner iwwer d’Recht op Fräizäit an Erhuelung diskutéieren, awer och iwwer d’Recht op Informatioun. Si hunn dobäi och super gehollef, de Piwitsch schéin ze dekoréieren. An dëser Fotosgalerie fënns du hir Kreatiounen.

All Schülerin a Schüler huet um Schluss e Button mam Piwitsch drop kritt. Och op deene anere fënnef Statioune vum Rallye hunn d’Kanner Erklärungen zu Kannerrechter kritt, eng Aktivitéit gemaach an e Button oder e Sticker kritt.

Déi hu si gesammelt, fir op hir Capen ze maachen. E Cape (dat gëtt „Kéip“ ausgeschwat) ass en Ëmhang, wéi de Batman oder d’Superwoman se un hunn. Déi 270 Kanner, déi beim Kannerrechtsrallye dobäi waren, kënnen nämlech all Superhelde ginn: Si kënnen dat wat si beim Rallye geléiert hunn elo asetzen, fir sech fir hier eege Rechter an déi vun deenen anere Kanner staark ze maachen!

Um Start. Foto: SCRIPT
E Quiz am Bësch. Foto: SCRIPT
Iwwerall ware Plakate zu de Kannerrechter. Foto: SCRIPT
Eng Schatzkëscht fir Superhelde-Badgen. Foto: SCRIPT
Et goufe vill Froen ze beäntweren. Foto: SCRIPT
Foto: SCRIPT
Foto: SCRIPT
Kënnen dës Superhelde fléien? Foto: SCRIPT
E Cape mat ville Buttons a Stickeren. Foto: SCRIPT
Hei konnten d’Kanner wiele, wéi e Kannerrecht fir si am wichtegsten ass. Foto: SCRIPT
Vill Punkte beim Recht sou ze sinn, wéi een ass. Foto: SCRIPT
Am Nomëtteg war och de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend op Besuch. Foto: SCRIPT

Hei gëss du méi gewuer!

De Piwitsch hat och säi Mikro dobäi an huet Schülerinnen a Schüler gefrot, wéi e Kannerrecht fir si am wichtegsten ass a firwat. Lauschter hei, wat si ze soen haten.

Du wëlls méi iwwer de „Service des Droits de l’Enfant“ an d’Kannerrechtskonventioun wëssen? Da lies dësen Artikel.

All Mount fënns du op dëser Internetsäit en Artikel iwwer e Kannerrecht. Hei ass dee leschten Artikel, deen an dëser Serie erauskomm ass.

Du wëlls méi wëssen doriwwer, wéi d’Déieren am „Parc Merveilleux“ gefleegt ginn a wat si z’iesse kréien? Da kuck dir dëse flotte Reportage un.

TEILEN

Weitere Topthemen

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?