Wéi de Yuri an d’Klass koum

03. Juli 2023

Eng Geschicht vum Gast Groeber.

Klick op dee klengen Dräieck, fir d’Geschicht ze lauschteren.

Déi Geschicht mam Yuri war scho komesch gewiescht.

Direkt méindes moies no der Fuesvakanz stoung eng Fra am Haff, niewent hir e mëttelgrousse Jong. Hien hat ganz dicht, hellbrong oder vläicht och däischterblond Krauselen, e bëssche wéi e Schof. D’Kanner aus der Schoul si ronderëm gelaf, hunn heiansdo op deen Neien eriwwergeluusst, ware vierwëlzeg, a wéi eng Klass deen dann elo kéim. Wéi d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren aus dem Gebai koumen, hat d’Fra sech mat der Madamm Lamesch ënnerhalen. Déi hat de Yuri duerno mat an de Sall bruecht.

An deem Moment hat sech eigentlech kee vun deenen anere fir hien interesséiert. Schliisslech waren si als Grupp scho véier Joer zesummen an hunn sech gutt ënnertenee verstanen. Deen Neie krut seng Plaz niewent dem Ariana. Hatt war dat Eelst, dat Gréisst an och dat Stäerkst an der Klass, an déi aner Kanner hate grousse Respekt virun him. Well de Yuri sech, allem Uschäin no, vun Ufank zimmlech gutt mat senger Nopesch verstanen huet, gouf hien dann och a Rou gelooss.

Et gëtt der jo, déi schwätze vill fir opzefalen, mee de Yuri ass opgefall, well hie bal näischt geschwat huet. Just wann d’Madamm Lamesch hien eppes gefrot huet, da gouf hien eng Äntwert – meeschtens déi richteg. Iwwerhaapt koum hien nawell gutt mat, besonnesch am Rechnen. Et huet bal geschéngt, wéi wann hien d’Ariana domadder ugestach hätt. Ewell koum hatt nämlech besser mat den Exercicer zuwee. An de Pausen huet hatt de Yuri mat bei seng Clique geholl, lauter méi Grousser, fir Futtball oder Vëlkerball ze spillen. Knapp war déi ganz Band dobaussen, scho goufen Ekippe gewielt an da goung et mat Wuppes lass. De Yuri huet jo net schlecht gespillt, mee heiansdo huet et déi aner gekeekst, datt hien de Ball ni wollt ofginn.

No der éischter Woch ass opgefall, datt de Yuri no der Schoul ni mat an d’Maison relais koum. Dat war dunn awer schonn e bëssche speziell. Dofir huet d’Conny d’Ariana gefrot, ob hatt wéisst, firwat hien net matkéim.

“Ass dat net egal?”, hat dat just als Äntwert geknoutert a war du rëm bei déi méi Grouss gaangen.

Enges Daags, et muss an der drëtter Woch no der Fuesent gewiescht sinn, du koum den Tom mat enger Neiegkeet: Hie war mat senger Mamm mam Bus an d’Stad gefuer an hat dunn de Yuri zesumme mat engem ale Mann gesinn. Déi zwee waren a Richtung Bësch verschwonnen.

“Waaat? En ale Mann?”

“An de Bësch? Huet deen se dann nach all?”

“Mäi Papp seet ëmmer: Et soll ee mat kengem matgoen!”

D’Ariana hat dat Gespréich matkrut an huet de Kapp gerëselt:

“Wat schwätzt dir Schrott! Dat ass dach dem Yuri säi Bopa.”

Dunn ass hatt erëm senger Wee gaangen. Hatt wousst dat mam Bopa, well seng Mamm elo scho fënnef Joer laang reegelméisseg bei deen alen Här botze goung, am Fong sou laang, wéi deen am Duerf gewunnt huet. Seng Mamm hat eng ganz gutt Meenung vun him, sot, hie wär ganz fein, vill méi wéi munch aner Leit, bei déi si schaffe goung.

Trotzdeem: Op eemol war de Yuri an deenen anere Kanner hirem Gespréich.

D’Auer gouf op d’Summerzäit geréckelt, d’Deeg si lues awer sécher méi laang ginn, et war net méi laang bis d’Ouschtervakanz.

D’Kanner an der Klass kruten ëmmer nees Neies spatz: De Yuri war mat senger Mamm aus dem Minett heihinner bei säi Bop geplënnert. Seng Mamm, déi war Vendeuse an engem Buttek an der Uewerstad. An si ass all Dag mam Bus op d’Aarbecht gefuer. De Bop huet sech dann ëm de Yuri gekëmmert.

“A säi Papp?”

No der Ouschtervakanz koum et op eemol vir, datt d’Ariana sech fir deen een oder aneren Nomëtten an der Maison Relais ofgemellt huet. Dann huet hatt mam Yuri an deem sengem Bopa e Vëlostour gemaach, duerch de Bësch um Enn vum Duerf, ënner deem frësche grénge Bliederdaach erduerch, bis bei dee grousse Weier dohannert. Dee war voller Fräschen- a Moukebruck an et haten zwou Nilgänsen sech dobäi néiergelooss. D’Ariana war begeeschtert. Hatt hat guer net gewosst, datt et hei an der Géigend sou eng schéi Plaz géing ginn. Hatt souz niewent dem Yuri an si hunn hir Spigelbiller am Waasser gekuckt, ouni e Wuert ze schwätzen. Just dem Yuri säi Bopa war gespréicheg. Hie wousst nawell vill ze verzielen. A wann d’Ariana mol e Selfie vun hinnen dräi geknipst hat, dann huet deen Alen et ëmmer fäerdegbruecht, eng witzeg Grimass ze schneiden.

Déi aner aus de Klass woussten näischt vun deenen Ausflich. Si hunn et just komesch fonnt, datt de Yuri ëmmer bei sengem Bop war.

“Wat soll nëmme mam Yuri sengem Papp sinn?”

Op déi Fro wousst keen eng Äntwert, mee et gouf direkt mol verschidden Theorien.

“Vläicht si seng Eltere gescheet.”

“Oder dee sëtzt am Prisong.”

“Oder hien ass dout.”

De Luc huet en eescht Gesiicht gemaach.

“Mäi grousse Brudder sot, Yuri, dat wär ee russeschen Numm. Oder een ukraineschen.”

“Dann ass säi Papp vläicht am Krich?”

“Mengs du, hie wier e Russ?”

D’Spannung war elo op hirem Héichpunkt. Si hu vu Biller geschwat, déi si um Fernsee gesinn haten, oder um Internet. Et huet eppes ugefaangen, si vu bannen opzehëtzen, eppes wéi Angscht.

“Mee, de Yuri heescht dach Muller.”

“Vläicht huet hien senger Mamm hiren Numm?”

Si waren all nervös. An si wollten endlech méi gewuer ginn. Et gouf ze vill Froen: Wie war nëmmen dee Yuri do a firwat houng dee léiwer mat sengem Bop zesummen, wéi an d’Maison relais ze kommen?

D’Conny huet schliisslech d’Joffer gefrot. Déi sot, datt de Yuri e Lëtzebuerger wär.

“An iwwerhaapt: Ass dat wichteg? Firwat hu dir hien dat net selwer gefrot?”

“Ma, hie schwätzt dach mat kengem.”

“Wat d’Maison Relais ugeet: Wann dir gäre mol heiansdo do wëllt mat him spillen, da kann ech jo mol mat senger Mamm schwätzen. Mee kee kann de Yuri forcéieren.”

Wéi dem Yuri seng Mamm fir d’Bespriechung do war, hat den Tom sech bei d’Dier geschlach an d’Ouere gespëtzt.

“D’Lamesch sot, et wär gutt fir seng Sozialatioun. Oder sou.”

“An dunn?”

“Seng Mamm sot, hie wär léiwer bei sengem Bop.”

De Luc war ganz decidéiert:

“Mir mussen eppes ënnerhuelen.”

“Wéi mengs du dat?”

“Heiansdo hëllefe just Streech.”

“Bass du mëll?”

“Wëlls du da viru Russe kuschen?”

“Hien ass dach iwwerhaapt keen. A firwat da kuschen?”

“Dee mat senge Geheimnisser. Mäi Papp seet ëmmer: Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit!”

E puer hunn eppes gegrommelt, anerer de Kapp gerëselt. De Luc sot, hie géing sech dee virknäppen an dann héchstens nach bis no Päischten ofwaarden. Duerno géing et rabbelen.

“Egal wat, Luc.”

Déi aner sinn hirer Wee gaangen.

De Luc awer, deen hat sech a senger Verbruetheet verfaangen.

De leschten Dag virun der Päischtvakanz huet hien sech no der Schoul op de Wee bei d’Haus vum Yuri sengem Bop gemaach. Ronderëm de Virgäertchen ass eng al Bichenheck gewuess, et konnt also keen hien heibausse gesinn. Um Trottoir stoung e Vëlo, dee mat engem décke Schlass un engem Luuchtepotto ugebonne war. Dat war bestëmmt dem Yuri säin. A wann hien elo d’Loft géing erausloossen, einfach sou, als Warnung? Hien huet sech dohinner gehuppt, war a Gedanken an huet net héieren, datt net wäit ewech en décke Camion gehalen hat.

Hie wär bal vu Schreck ëmgetippt, wéi op eemol eng Männerstëmm hannert him geschwat huet:

“Kann ech der hëllefen?”

Et goung elo alles ganz séier. De Yuri koum aus dem Virgäertche gejauft, huet „Pappa, Pappa“ gejaut, dunn de Luc entdeckt.

“Wat méchs du bei deem Vëlo?”

De Luc huet nach a sengem Kapp no enger Ausriet gesicht, wéi d’Ariana hannert dem Yuri opgedaucht ass.

“So, geet et? Wat has du mat mengem Vëlo wëlles?”

De Luc huet d’Been an de Grapp geholl a sech – wat gëss de, wat hues de – aus dem Stëbs gemaach. An der Vakanz huet hie sech wäit vun där Strooss ewechgehalen.

An dunn, méindes no der Päischtvakanz souz d’Ariana eleng an der Bänk an huet e bësschen traureg aus der Wäsch gekuckt.

D’Blécker hunn sech bal all op de Luc geriicht. Deen ass rout ugelaf.

“Ech hu guer näischt gemaach.”

D’Madamm Lamesch huet net verstanen, wat lass war. Si huet de Kanner erkläert, datt de Yuri elo an enger anerer Schoul war.

“Dem Yuri seng Mamm huet mir ugeruff. Hiert Appartement ass elo fäerdeg an si brauchen net méi beim Yuri sengem Bopa ze wunnen.”

D’Ariana huet a sech era gegrinst. Den nächste Weekend war hatt agelueden. Da géing de Yuri him dat neit Appartement weisen.

TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?