Kéipercher

03. Juli 2023

Eng Geschicht vum Jhemp Hoscheit

Klick op dee klengen Dräieck, fir d’Geschicht ze lauschteren.

D’Foto vun engem verraschtenen Äisschaf op engem verloossene Bëschwee ass déi, déi eis an der Ausstellung am meeschte beandrockt. Et gëtt nach vill aner Fotoen: iwwerfëllten Dreckseemeren, e raschtege Caddy bei enger Garagepaart, e Koup Plastiksbecheren, Béchsen an Alu-Verpakungen op enger Spillplaz, Zigarettestëmp op enger Parkplaz, Sperrmüll, zertéitschten Tasen, Schosselen an Telleren, al Schung a futtis stréie Kierf an enger Wiss niewent engem Feldwee.

D’Léierin freet eis elo, wat jiddweree vun eis kéint maachen, fir d’Natur méi ze respektéieren. De Paolo mengt, et misst ee méi Dreckskëschten opstellen, da géifen d’Leit hire Knascht net op de Buedem geheien.

„A wéi vill Dreckskëschte misst een dann opstellen, zum Beispill am Schoulhaff, dass keen och nëmmen ee Meeter muss goen, fir sengem Offall lasszeginn?”, freet d’Léierin.

„Et kënnt net op d’Zuel vun den Dreckskëschten un, mee op eis”, mengt de Sam.

„Mär sinn ze liddereg, fir bei déi nächst Dreckskëscht ze goen”, traut sech d’Sofia ze soen.

Mär fält an, dass ech och emol aus puerer Bequeemlechkeet eng Béchs op de Buedem fale gelooss hat. Dobäi wär et net wäit gewiescht bis bei d’Dreckskëscht.

Den Alain proposéiert, et kéint ee Schëlter molen, fir op de Probleem hinzeweisen. Och um Schoulwee géif Offall leien, um Trottoir an am Stroossegruef, an doru wären haaptsächlech d’Schoulkanner schold.

Do gëtt sech natierlech opgereegt, well vill vun eis dee selwechte Schoulwee hunn ewéi den Alain. Wie léisst sech gäre vun engem Schoulkomerod soen, e géif ënnerwee Dreck op de Buedem geheien?

D’Iddi vun de Schëlter gëtt awer mol zréckbehalen. Et ginn nach aner nëtzlech Virschléi gemaach. Klengen Offall, zum Beispill, dee sech op enger Vakanzerees am Auto usammelt, sollt een net zur Fënster erausgeheien, mellt sech d’Angela zu Wuert, mee an enger Minipoubelle versuergen, fir en op der nächster Tankstell an déi passend Containeren ze geheien.

Eis Léierin seet zum Schluss, mär sollten all nach weider driwwer nodenken, wéi mer eis Famill an och eise Bekanntekrees fir de Littering sensibiliséiere kéinten. Si zéckt, well si mengt, si misst dat Wuert nach erklären. Mär wénken awer all ganz dichteg mam Kapp, dofir léisst si dat sinn.

Wéi ech no der Schoul virun eiser Hausdier ukommen, gesinn ech e Mann an der Strooss. An der Léngt hält hien en Hond, deen um Buedem schnoffelt. Den Hond, e klenge Foxterrier, richt mol hei, mol do, a säi Meeschter léisst e gewäerden. Den Hond sicht eng gutt Plaz, fir säi Kéipchen ze drécken, geet et mär duerch de Kapp, matzen um Trottoir.

Wéi den Hond mech gesäit, hieft e seng Schnuff a kuckt mech ganz iwwerrascht. E wäert sech froen, firwat ech geroden hunn, wat hie wëlles huet. Dass ech lo gläich wëlles hunn, säi Meeschter fir de Littering ze sensibiliséieren, dass säin Hond net grad um Trottoir säi Kéipchen hannerléisst, dat kann den Hond net wëssen.

Den Hond a säi Meeschter sinn nach ëmmer an der Strooss. Ech ginn hinnen no. No enger Zäit huelen ech mäin Handy. Den Hond schnuppert a schnoffelt nach ëmmer um Buedem … Do! Lo huet en eng gutt Plaz fonnt. Bei engem Bam. En huppt sech an e mécht säi Kéipchen.

Dono schäert e reflexméisseg mat den hënneschte Patten. Versicht en, säi Kéipche mat Buedem ze verdecken? Do kann e schäre bis Mokuchsdag, de Buedem ass ze haart. Déi Fläch ronderëm de Bamstamm ass leider net aus labberem Buedem, mee aus festgewalzten, sandfaarwege Stengercher.

„Däerf ech eng Foto maachen?”, froen ech.

De Mann schéngt net richteg héieren ze hunn.

Eng Foto?”, freet en a seng Stier besteet nëmme méi aus Falen. „Wat gëtt et dann hei ze knipsen?”

„Iech an Ären Hond”, soen ech héiflech.

„Mech a mäin Hond?” Seng Bakefale sinn elo ganz laang gezunn.

„Jo! Iech an Ären Hond an … de Kéipchen”, äntweren ech.

„An … de … Kéipchen?”, widderhëlt de Mann, deem seng Lëpsen dobäi vu Roserei zidderen.

„Hues du se nach all? Du wäerts dach net dee Kéipchen do wëlle knipsen?”

„Ma dach.”

„A soss fënns du näischt hei fir ze knipsen, hei an der Géigend?”, freet en an engem topegen Toun.

„Neen”, soen ech ganz decidéiert, „et geet mer just ëm den Hondskacka.”

De Mann denkt bestëmmt, ech wéilt de Geck mat him maachen, a fir en ze berouegen, soen ech him, dass mer an der Klass iwwert Littering geschwat hunn.

Entweeder weess hien net, wat dat ass, oder e stellt sech domm. Ech erklären him kuerz d’Ausstellung, déi mir mat der Klass kucke waren. Op déi Manéier versichen ech och, de Mann ofzelenken, a maache séier e puer Fotoe mam Handy. Wéi en dat bis mierkt, probéiert en, mer den Handy ofzehuelen. Et geléngt mer awer, déi ganz Zeen – also de Bam, de Mann, den Hond an de Kéipchen – trotz dem Mann sengem Aarmgefuchtels gutt an d’Bild ze kréien. Den Hond an de Kéipche muss ech zoomen. Op déi Manéier kréien ech e gudden, speziellen Ausschnëtt, dat heescht nëmmen dem Mann seng Been, den Hond an de Kéipchen. Et geet mer jo net drëms, dass een de Mann op der Foto gesäit oder säi Gesiicht erkennt.

„Eis Léierin sot, mär sollten d’Leit sensibiliséieren, keen Dreck méi um Trottoir leien ze loossen”, erklären ech dem Mann.

„Dreck?”, freet hien a seng Ae schéisse kleng Blëtzer.

„Ass en Hondskéipche keen Dreck?”, froen ech.

Lo fänkt den Hond u mat billen. Dat Gespréich schéngt him net ze passen. Wie wëllt schonn, dass ee seng Exkrementer als Dreck bezeechent?

„Wat méchs du da mat der Foto?”, freet de Mann. Déi Saach schéngt en awer lo méi ze interesséieren, wéi ech am Ufank geduecht hat. Ech muss dofir méi däitlech ginn.

„Ech sot et jo schonn”, soen ech. „Et ass fir ze sensibiliséieren, dass ee säin Hond net einfach soll op den Trottoir kacke loossen.”

„Pass op, wat s de sees!”

„Wann ech nach aner Fotoe mat Hondskéipercher hunn”, soen ech, „da weisen ech déi an der Klass.”

„Wat?”, rifft de Mann. „Du weis jiddwerengem mengem Flecki säi Kéipchen?”

Lo spëtzt de Flecki seng Oueren. Et mierkt een net sou richteg, wat en denkt. Ass en houfreg, dass säi Kéipchen ëffentlech presentéiert gëtt?

„Wann ech genuch Fotoen hunn”, soen ech, „da maachen ech vläicht eng Ausstellung.”

Ech weess, dass ech net gläich un esou eppes geduecht hat, well ech weess jo net, wéi vill Fotoen ech maache muss fir eng komplett Ausstellung.

„Ech verbidden där, denger Klass mengem Hond säi Kéipchen ze weisen”, brëllt de Mann. En ass lo net méi sou gedëlleg wéi virdrun.

„Wat ass dann do dobäi?”, froen ech ganz naiv.

„Mengem Flecki säi Kéipche geet keen eppes un”, meckert de Mann.

„Musst Der e geheim halen?”, froen ech hien.

„Mäin Hond gëtt net gär geknipst!”, seet de Mann, wéi wann dat eng Äntwert op meng Fro wär.

„Dat stëmmt net“, denkt de Flecki.

„Ma Där sidd dach och op der Foto”, soen ech, fir en ze berouegen.

„Ech wëll awer op keng Foto, du frechen Hond do”, bläert en.

De Flecki billt. Hie gëtt och net gär esou vernannt.

„Hutt Der da wëlles, de Kéipchen opzerafen?”, froen ech. „Där hutt keng Titche bei Iech, oder?“

„Dat geet dech dach näischt un, du Frechdachs do“, jäizt de Mann.

De Flecki kuckt mech nach ëmmer komesch. Mat senge Schlappouere gesäit e ganz witzeg aus. Wat soll en nëmmen denken? Wëllt en, dass ech säi Meeschter wierklech iwwerzeegt kréien, den Hondskéipchen an eng Titchen ze paken an en an eng Dreckskëscht ze geheien? Wéi sensibel sinn d’Hënn dann, wat hir Kéipercher ugeet?

De Mann mécht, wéi wann e géif sichen. „Ech hu leider keng Titche bei mer”, seet en a fillt sech e kuerze Moment schëlleg.

„An da loosst Der de Kéipchen einfach esou leien?”, froen ech hien.

De Flecki grommelt op eemol, wéi wann e sech amësche wéilt. E schéngt ze mierken, dass et déi ganzen Zäit ëm hie geet, oder éischter ëm säi Kéipchen. Wonnert e sech, dass hei keen natierlecht Bambeet mat labberem Buedem ass? Mat Mulch, Blimmercher, Buedemplanzen oder Onkraut wär et dach méi faarweg an der Strooss a besser fir de Bam. A wann de Kéipchen net opgeraaft gëtt, fält en och net sou krass op.

„Wat maache mer dann elo?“, freet de Mann a kuckt op säin Hond.

De Flecki weess senger Patte kee Rot. Hie stellt sech eng Zäit vir, an där d’Déieren eng Kéier méi ze soen hunn ewéi haut a wou vläicht bei de Bamstämm speziell Hondstoiletten installéiert ginn. Am Buedem vum Bambeet ass e Klappdeckel agebaut, a wann en Hond dee mat der Patt kippt, da rëtscht de biodegradable Kéipchen – hoppla! – an en Huelraum ënnert dem Buedem. Do ass en dann en natierleche Kompost fir d’Bamwuerzelen.

„Okay mäi Jong”, seet de Mann an engem friddlechen Toun. „Dat hei huet lo laang genuch gedauert. Du wëlls net, dass dee Kéipchen do leie bleift, an ech, ech wëll net, dass du déi Foto vu mär behäls. Wéinst dem Datenschutz, verstees de! Ech sinn iwwregens den Här Geising. An du?”

„Tim”, soen ech.

„Ech hunn d’Titercher doheem vergiess, Tim”, seet den Här Geising.

„Dat ka jo mol virkommen. Ech hunn och scho mol eppes vergiess”, soen ech.

„Ech ginn der heem sichen.”

„Kee Probleem.”

„Du kanns hei op mech waarden”, seet den Här Geising. „De Flecki waart mat där. Da bass de sécher, dass ech erëmkommen.”

Ech gleewen dem Här Geising op d’Wuert. De Flecki traut sengem Meeschter och. E leeft him net no, den Här Geising huet en net misse mat der Léngt um Bam ustrécken. De Flecki kuckt mech ganz trei. Hie weess, dass e bei mär a gudder Gesellschaft ass.

No enger Zäit kënnt den Här Geising mat e puer Titercher erëm.

„Ech wäert déi nächst Kéier drun denken”, seet hien an heemelt de Flecki, dee frou ass, dass säi Meeschter nees do ass.

Den Här Geising geet liicht an d’Knéien, stécht seng riets Hand ganz an d’Titche wéi an eng Händsch, da gräift en nom Kéipchen a reeft en op. Duerno strëppt en d’Titche mam Kéipchen dra vun der Hand a mécht nach e Knuet dran.

Wéi ofgemaach loossen ech en nokucken, wéi ech um Handy d’Fotoe läschen.

„Da si mer lo quitt”, seet den Här Geising. „D’Titche geheien ech dohannen an d’Dreckskëscht.”

Ech gi mat him dohin an de Flecki bëselt hannert eis, mol hannert mir, mol hannert sengem Meeschter.

Heiansdo spréngt e vu Freed an d’Luucht. E schéngt ganz zefridde mat sengem Meeschter ze sinn. Oder sprangen d’Hënn och an d’Luucht, wa se houfreg sinn?

Mär béien uewen an der Strooss ëm den Eck. Et ass net méi wäit bis bei déi nächst Dreckskëscht. Do gesi mer eng Fra mat hirem Hond – engem Beagle – bei engem Käschtebam. Den Hond huet lo grad säi Kéipche gedréckt. D’Fra geet mam Beagle weider. Mär gi bei de Bam. Den Här Geising bleift stoen an iwwerleet.

„Maach eng Foto!”, seet en zu mär.

„Vu wat?”

„Fro net sou domm.”

Hie weist op de Kéipchen. Ech huelen den Handy a maachen e puer Fotoen. Dann tommele mer eis, fir d’Fra an de Beagle erëmzekréien.

„Madamm!”, rifft den Här Geising. „Hutt Der net wëlles, de Kéipchen dohannen opzerafen?”

„Wat fir ee Kéipchen?”, freet d’Madamm ganz iwwerrascht.

„Braucht Der e Beweis?”, freet den Här Geising an dréckt mär en A zou.

Ech hu gläich verstanen. Ech weisen der Madamm mäin Handy a maachen e Gest a Richtung Käschtebam.

Den Här Geising reecht der Madamm ganz frëndlech eng vu sengen Titercher.

De Flecki rappt un der Léngt, leeft bei de Beagle an hopst frou an zefridde ronderëm hien. De Beagle schéngt sech och ze freeën. Gëtt de Flecki lo Zeien, wéi geschwënn eng weider Persoun sibiliséiert gëtt?…

Oder wéi war dat Wuert scho méi?

TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?