Krabutzi-Express

14. Mai 2024

Eng Geschicht vum Eline Klaassen

Klick op dee klengen Dräieck fir d’Geschicht ze lauschteren.

Gëschter ass dem Anna säi Bopi vun enger Weltrees erëmkomm. Hie war esou laang fort, dass hatt bal vergiess hat, dass hatt e Bopi huet – hatt huet sech just wéinst der Mamm drun erënnert, déi him sot, de Bopi géif hatt vun elo un an d’Schoul féieren. Direkt huet d’Anna protestéiert: 

„Firwat kann ech net mam Schoulbus fueren?“ 

D’Mamm huet behaapt: „Dee kënnt net; de Buschauffer ass op Gran Canaria geplënnert!“ 

Dat huet d’Anna guer net iwwerzeegt. Hatt huet un dee leschte Besuch vum Bopi geduecht, virun enger Éiwegkeet. Deemols huet hatt hie mega komesch fonnt! 

„Mee de Bopi, dee sténkt! Ausserdeem kennen ech hie guer net gutt.“ 

„Lo maach keen Drama, de Bopi ass extra vu senger Weltrees zréckkomm, fir dech an d’Schoul ze féieren!“ 

Domat war d’Bier fir d’Mamm geschielt … Si huet dem Anna de Schoulsak an de Grapp an e Kuss op de Bak gedréckt. D’Anna ass schlecht gelaunt bei d’Dier getrëppelt. Virun der Afaart stoung e getéitschten Auto. Esou en ellent Gefier hat hatt nach ni gesinn! D’Mamm huet him seng Entgeeschterung zwar ofgesinn, ma amplaz Matleed ze hunn, huet si d’Anna bei den Auto geschubst a gesot: 

„Sief léif mam Bopi a maach keng Dommheeten, wannechgelift!“ 

An deem Moment ass d’Autosdier opgaangen. E groussen, ale Mann mat verwujelter Frisur ass erausgeklommen, fir dem Anna frou ze wénken. Hien huet hatt un en Zirkusclown erënnert, virun allem wéinst där Blumm, déi aus sengem Hutt erausgekuckt huet. D’Anna huet hien nach genee esou komesch fonnt ewéi virun der Weltrees. 

„Hëpp, a lass an d’Schoul!”, huet hie geruff an dem Anna seng Saachen an den Auto gedretscht. Hatt huet nach eng leschte Kéier no senger Mamm gekuckt, mee si war erëm am Haus verschwonnen. Dem Anna ass näischt aneres iwweregbliwwen ewéi an den Auto ze klammen. De Bopi huet sech bei hatt no hanne gedréint: 

„Bass de prett fir eng kleng Sprëtztour mam Krabutzi-Express?“ D’Anna huet hie verdaddert ugeglotzt. 

„Ehm, watgelift?“ 

De Bopi huet misse laachen. 

„Ma, wëllkomm am Krabutzi-Express! Ech ginn zou, vu bausse gesäit en net allze beandrockend aus. Mee deen ale Kolleeg hei huet wierklech eng drop!“ 

De Bopi huet säi Steierrad geheemelt. Eréischt dunn huet d’Anna verstanen, dass de Krabutzi-Express den Auto war! 

„A wat kann en dann Extraes? Fir mech gesäit deen Auto déck langweileg aus.“ 

„Hei, Krabutzi, hues de dat héieren? Kand, ech weisen dir elo, wat de Krabutzi kann. Bass de gutt ugestréckt?“ 

Ouni eng Äntwert ofzewaarden, huet de Bopi Gas ginn. Mat enormer Lautstäerkt ass de Krabutzi-Express no vir geflunn. Esou séier war d’Anna virdrun nach ni ënnerwee! Wéi et erausgekuckt huet, ass him vun elauter Staunen de Mond opgeklappt. 

„Bopi … mir fléie jo richteg! Krass …“ 

De Bopi huet misse grinsen. 

„Du hues keng Anung, wat de Krabutzi nach alles kann!“ 

Opgereegt huet d’Anna zur Fënster eraus gesinn, wéi si einfach iwwer d’Stroossen ewechgeflu sinn. De Stau do ënnen huet si iwwerhaapt net gestéiert. 

Si ware knapps ënnerwee, du huet de Bopi no hanne gewisen. 

„Kanns du der Geess eppes z’iesse ginn?“, huet hie gefrot, ouni eng Minn ze verzéien. 

Perplex huet d’Anna an d’Mall gekuckt – riicht an zwee hongereg Geessenaen. De Bopi hat eng Geess an der Mall! 

„Eh, wat ësst déi dann? Also, ech hu kee Gras matbruecht, a meng Schmier géing ech gär halen.“ 

„Ma nee, Kand! D’Geess frësst just Peffermënz. Kuck mol ënnert dengem Sëtz, do misst der nach leien.“ 

Hien hat Recht: Ënnert dem Anna sengem Sëtz louch e klenge Putsch Peffermënz, deen d’Geess him brav aus der Hand gefriess huet. D’Anna huet deen abenteuerleche Schoulwee mam Bopi an der Geess scho bal flott fonnt, do ass him eng wichteg Fro agefall. 

„So, Bopi? Ass Fléien net mega schlecht fir d’Ëmwelt?“ 

De Bopi huet gelaacht. 

„Wou hëls de dat dann hier?“ 

„D’Mamma seet ëmmer, wat en Auto méi séier fiert, wat e méi schlecht fir d’Ëmwelt ass. A mir … fléie souguer!“ 

De Bopi huet näischt drop ginn. 

„Dat gëllt vläicht fir d’Autoen, awer sécher net fir d’Krabutzi-Expressen!“ 

„Brauchs du dann ni ze tanken?“ 

„A wouhier dann! Dat eenzegt, wat mir verbrauchen, ass Peffermënz a gutt Laun.“ 

Elo war d’Anna duercherneen. 

„Mee Bopi, wat ass dann, wann s du emol schlecht Laun hues?“ 

De Bopi huet sech um Schnurres gekraazt. 

„Ok, ech ginn et zou: Heiansdo fuere mer mat Geessekacka.“ 

„Igitt!!“, huet d’Anna geruff. Elo huet dee Gestank e Sënn erginn … 

„Dofir ass et esou wichteg, dass d’Geess z’iesse kritt!“, huet de Bopi erkläert. 

D’Anna huet sech net zefridde ginn: 

„A firwat fuere mer net mat Solarenergie?“ 

„Well dat kee Spaass mécht. Mat der Sonn kann ee mol net schwätzen!“, huet de Bopi geäntwert. Dat huet hatt net verstanen. 

„Hä? Geesse schwätzen dach och net!“ 

De Bopi huet sech bei d’Geess ëmgedréint. 

„Hues de héieren? D’Kand mengt, du kéints net schwätzen!“ 

„Nom du Dentifrice! Gitt mer endlech eppes ze knaen!“, huet d’Geess gemeckert. Dem Anna ass nees de Mond opstoe bliwwen. 

„Ehm, a wat soll ech der elo ginn?“ 

„Peffermënz natierlech, du Kakuett!“ 

„Mee … Et ass keng méi do.” 

„Wat?!“ 

An deem Moment huet de Krabutzi- Express eng Vollbremsung gemaach. Mat engem beängschtegenden Tempo si si erofgefall – direkt op e Bam duer! 

„Bopi, renkel!“, huet d’Anna gejaut. Hie krut esou just d’Kéier, an ass matzen op engem Vëloswee gelant. 

„Upsi, den Tank ass eidel …“, huet de Bopi gegrommelt. D’Anna huet hie beonrouegt gekuckt. Missten se elo éiweg op engem Vëloswee stoe bleiwen? De Bopi huet sech net aus der Rou brénge gelooss. Hien huet gegrinst an d’Schëllere gehuewen. 

„Da musse mer eebe selwer fueren.“ 

„Hä … kann den Auto nach fueren?“ 

„Kloer dat! Eng Téitsch méi oder manner mécht dem Krabutzi näischt aus. Mir sinn op alles gefaasst! Den Nodeel ass just, dass mer selwer pedalléiere mussen …“ 

Also huet d’Anna sech nieft hie gesat an an d’Pedalle gedréckt. Et war deen ustrengendste Schoulwee, deen hatt jee hat! Obwuel si esou séier pedalléiert hu wéi se konnten, koum hatt ze spéit an der Schoul un. D’Anna koum aus dem Käichen net eraus, wéi et probéiert huet, der Joffer ze erzielen, wat geschitt war. 

„Looss dat sinn“, huet déi genervt gesot, „mir maache mam Cours weider.“ Si huet dem Anna seng Geschicht guer net gegleeft. 

An der Paus hunn all seng Kolleegen bis hannert d’Ouere gegrinst. 

„Eng Geess, déi Peffermënz frësst? Du hues Iddien!“ De João huet sech futtigelaacht. Och déi aner Kanner hunn dem Anna seng Geschicht net eescht geholl. 

„Ech hunn nach ni esou eng witzeg Exküs héieren! Dat kléngt wéi aus engem Film!“, huet d’Jil gekickelt. Si hu sech bal net gepackt! 

„Waart nëmmen, bis de Bopi mech siche kënnt. Da wäert der gesinn, dass ech d’Wourecht gesot hunn!“, huet d’Anna sech verdeedegt. Mee wéi hatt no der Schoul mat hinnen op den Haff gelaf ass, stoung um Parking kee Krabutzi-Express. 

„Hie brauch nach e bëssen“, huet hatt probéiert, d’Situatioun ze retten. Seng Frënn sinn ongedëlleg ginn. 

„Hues de net gesot, hie kéint fléien?“, huet de Kilian gestëppelt. „Mat, eh, Peffermënz?“ 

Si hunn all gelaacht. Dunn ass dem Anna eng Iddi komm. Eenzock ass hatt bei d’Joffer gerannt, fir si no Peffermënz ze froen. D’Joffer war skeptesch. „Ass et wéinst denger Geess do?“ 

D’Anna huet mam Kapp gewonk, wouropshin d’Joffer hire Kapp gerëselt huet. 

„Dajee alt, en Téisäckelche wäert schonn net schueden. Ech ginn der een an d’Konferenz sichen. A muer ass et eriwwer mat deenen Topegkeeten!“ 

Wéi si mam Peffermënztéi zeréckkoum, huet d’Anna iwwer d’ganzt Gesiicht gestraalt. „Merci!“, huet hatt geruff an ass zréck bei seng Frënn gerannt. 

„Krabutziiii!“, huet hatt d’Geess ugelackelt. Fir d’éischt hunn déi aner dat blöd fonnt, mee sou lues wollten och si de Krabutzi- Express gesinn. 

„Krabutzi-Express!“, hu si iwwert de Schoulhaff gebläert. „Krabutziiiii!“ Déi aner Kanner an Elteren hu gemengt, si hätten se net méi all. Mee endlech huet et sech gelount: Iwwert hinnen huet sech eng meckereg Stëmm gemellt! 

„Imme-e-e-e-ns!“ 

Ewéi wann dat selbstverständlech wier, ass d’Geess nieft dem Anna gelant an huet him den Téi aus der Hand geknabbert. „De Bopi huet net genuch Peffermënz fir de Krabutzi-Express fonnt, dofir huet e mech virgeschéckt, och, wann ech ouni den Auto méi lues sinn. Allez hëpp, klamm op mäi Réck!“ 

D’Anna war paff, mee hatt huet gefollegt. Seng Frënn hu kee Wuert méi erausbruecht a just déi gelunge Geess, déi schwätze konnt, ugeglotzt. Och d’Joffer huet wéi en Autobus gekuckt. 

„Äddi-kabarelli!“, huet d’Geess geruff an Ulaf geholl. D’Anna huet sech gutt un hirem Pelz ugehal: D’Geess ass ëmmer méi séier galoppéiert, bis si op enger Wollek gelant sinn! 

„Mat dir a mam Bopi muss ech mech gutt halen!“ D’Anna huet misse laachen. Et gouf näischt Besseres, wéi mat enger Krabutzi- Express-Geess duerch d’Géigend ze fléien! 

TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?