Watgelift?

15. April 2024

Den Ielenter

Den Ielenter ass de Bam vum Joer 2024. Nieft dësem Numm ginn et awer och nach anerer, zum Beispill Ielechter, an och Arlesbam, Haartholz, Schnouerholz, Schwéierholz a Wäissholz. Op Däitsch heescht dëse Bam nach emol anescht, an zwar Mehlbeerbaum?

Ielenter. Noopnahm vum Bam Ielenter mat senge rouden Friichten
Fréier sinn déi gedréchent Friichte vum Ielenter bei d‘Broutmiel gemëscht ginn.
Dohier kënnt den däitschen Numm Mehlbeere. Foto: Shutterstock: APugach

De lëtzebuergeschen Numm Ielenter ass eng Nieweform vun Alenter. Do gëtt et elo gelungen: Mam Alenter ass haut meeschtens e ganz anere Bam gemengt, nämlech dee Bam, deen op Däitsch Erle heescht. Et ass fréier dacks duergaangen, datt eppes – an dësem Fall e Bam – einfach änlech ausgesinn huet, fir datt e Wuert fir méi Saache benotzt gouf. Mee da goung et heiansdo och mat engem Wuert net duer. Nieft Alenter an natierlech och Ielenter fënnt een och nach Alänter, Aländer, Alert an Allert, Alanter, Aleter, Arelter, Aulnert, Eelenter, Ellrecher, Ellreker, Eller an Ellert, Eelert an Älert. Esou vill Nimm fir ee Bam!

Dat interessant un dëse Forme vun Nimm ass den -ter hannen um Wuert, deen och heiansdo als -ert verdréint ginn ass. Hannert dësem Wuertdeel stécht eng Bezeechnung fir Beem. Et fënnt een se zum Beispill bei Äppelter, Hieselter a Wakelter. Och den Hielenner, eng Vereinfachung vun Hielenter, ass esou ze erklären.

Vill Lëtzebuerger Beem a Straich hunn -ter hannen an hirem Numm.

Esou och den Hieselter …

Hieselter, Detail vun 5 Hieselnëss déi um Hieselterwuessen
Foto: Shutterstock/Ian Grainger

Interessant ass, datt dat englescht Wuert „tree“ (fir e Bam) eppes mat dem lëtzebuergeschen -ter ze dinn huet. Den Äppel-ter ass also wuertwiertlech en Äppel-bam. Déi meescht Nimm fir Beem a Straich mat engem -ter hannendru sinn awer esou al, datt een dacks net genau weess, wou den éischten Deel hierkënnt – et ass net ëmmer sou einfach wéi beim Äppelter.

Äppelter, Äppelbam mat rouden Äppel drun an engem Bongert
Roud Äppel um Äppelter an engem Bongert. Foto: Shutterstock/Mazur Travel
An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).
TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?