FOTO: OLENA SVECHKOVA/SHUTTERSTOCK

Wat e Gedeessems!

19. Juni 2022

Dat hues du  sécher och scho mol héieren, wann ee gekeimt huet, well eppes ganz komplizéiert ginn ass oder eppes net richteg virugoung.  

Dat hues du  sécher och scho mol héieren, wann ee gekeimt huet, well eppes ganz komplizéiert ginn ass oder eppes net richteg virugoung.  

Wees du dann och, vu wou dat Wuert Gedeessems kënnt? Deessem ass dat aalt Lëtzebuerger Wuert fir ugesate Broutdeeg oder fir Sauerdeeg.  

En Deessem – op Plaze seet een och Däässem oder Déissem – kann een also laang zéien, wéi et sech fir Deeg gehéiert. Wann sech dann anzwousch eppes zitt an net vun der Plaz kënnt, schwätzt ee vu Gedeessems. 

Där Wierder mat Ge vir an s hanne gëtt et iwweregens zimmlech vill an der Lëtzebuerger Sprooch: Geaafs, Gebabbels, Gebastels, Gejéimers, Geknouters, Gelaachs, Gestëppels … An et kann een och stänneg neier maachen:  

Ëmmer dat Geteams! Wat mech dat Gewhatsapps nervt! Dat Gemindcrafts ass nawell ustrengend! Dir mierkt schonn, dacks si Ge+s-Wierder éischter net esou léif gemengt … 

Lauschtert d’Aussprooch a kuckt d’Iwwersetzunge vu Gedeessems um Lëtzebuerger Online-Dictionnaire (LOD). 

TEILEN

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?