Eng Afenhëtzt!

06. Juli 2022

Frees de dech och schonn op de Summer? Vakanz a Sonnebrëll, Piscine a Glacen! Déi héich Temperature maachen et méiglech. Mee weess de och, wéi een dat nennt, wann et wierklech richteg waarm ass?  

Da schwätzen d’Leit nawell gäre vun enger Afenhëtzt. D’Wuert fält awer an d’Kategorie Ëmgangssprooch. Dat heescht, datt et meeschtens just beim Schwätze benotzt gëtt. Am Däitsche kennt een et och, do ass d’Affenhitze als salopp oder ëmgangssproochlech markéiert.  

Deng Boma, däi Bopa oder deng Eltere kenne vläicht och nach de Begrëff Saang. Dee steet am alen Dictionnaire mat der Erklärung „sengende Hitze, Dürre“. Am Fong bezeechent d’Saang d’Verbrenne vun dieren Äscht, wa Beem gehae goufen. Vun dohier och de Sproch: ʼt ass e Summer wéi eng Saang. Hautdesdaags gëtt d’Wuert Saang net méi vill gebraucht an och d’Bezeechnung Hondsdeeg fir déi waarm Deeg vun Enn Juli bis Enn August ass méi seele ginn.  

Fréier gouf et och scho Perioden, an deenen et méi laang déck waarm war. Wéinst dem Klimawandel gëtt et där haut awer méi an op méi Plazen. Reegelméisseg gëtt virun esou Zäite gewarnt, well se der Gesondheet kënne schueden. Dann ass vun enger Hëtztwell rieds (dat erënnert un déi däitsch Hitzewelle) oder vun enger Canicule, dat aus dem Franséischen iwwerholl ass.  

D’Wuert Canicule geet iwweregens op dat laténgescht canicula (klengen Hond) zréck, esou gouf deen hellste Stär um Himmel genannt, de Sirius am Stärebild Groussen Hond, deen een am Summer gutt gesinn huet  … woumat mer nees bei eisen Hondsdeeg wieren.  

An deem Sënn: Komm net op den Hond!  

Hei geet et bei d’Afenhëtzt um Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

Foto: Shutterstock
TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?