Ultraextrasupermegarosen

14. Januar 2024

Eng Geschicht mat Illustratioune vum Claudine Muno

Klick op dee klengen Dräieck fir d’Geschicht Ultraextrasupermegarosen ze lauschteren.

D’Patty wunnt mat senger Mamm zesummen an engem Appartement iwwert der Apdikt, direkt op der Haaptstrooss. Bis bei d’Schoul ass et guer net wäit; wann d’Wieder schéin ass, kann hatt souguer mam Vëlo dohi fueren. Am Fong wier alles richteg gutt – wann do net den Här Hartmann wier.

Den Här Hartmann war fréier den Apdikter am Duerf, haut wunnt hien am Appartement nieft dem Patty an senger Mamm. Hien huet guer net gär, wann am Haus Kaméidi ass. Dat mécht den Här Hartmann ultraextrasupermegarosen.

Da gëtt seng Stëmm ultraextrasuper-megahaart an hie pëtzt seng Aen ultraextrasupermegafest zesummen a rappt seng Äerm ultraextrasupermegahéich an d’Luucht a wéitscht ultraextrasuper-megaenergesch domat ronderëm. An herno, wann hie fäerdeg ass, dann ass hien ultraextrasupermegaheess.

Dobäi ass den Här Hartmann soss ganz normal. Hien ësst ganz normal Saachen, trëppelt an engem normalen Tempo a schléift ganz normal aacht Stonne pro Nuecht. Dat weess awer keen ausser him. Zënter hien an der Pensioun ass, bleift den Här Hartmann am léifsten de ganzen Dag a senge véier Wänn. Am Duerf, beim Metzler oder op der Post huet d’Patty hien nach ni gesinn.

Am ultraextrasupermegameeschten iergert den Här Hartmann sech iwwert d’Patty a seng Mamm, well si einfach am ultraextrasupermegameeschte Kaméidi maachen. Zum Beispill wann d’Patty mat zevill Schwong d’Säite vu sengem Buch ëmbliedert.

– ZE HAAARRRTTT! MÉI LUUUEEESSS!,

jäizt hien dann niewendrun an hummert mat der Fauscht widdert d’Mauer.

Oder wann dem Patty seng Mamm moies ze vill fest op hire Cornflakes ronderëmknat. 

– ZE HAAARRRTTT! MÉI LUUUEEESSS!

Heiansdo ësst dem Patty seng Mamm dofir express hir Cornflakes ouni Mëllech, fir dass se beim Knaen nach méi krupsen:

SCRUNCH DE SCRUNCH SCRUNCHEDI SCRUNCH SCRUNCH SCRUNCH.

„Mamma!“, seet d’Patty dann, well et him ëmmer peinlech ass, wann seng Mamm sech dernieft behëlt. Dem Patty seng Mamm ass déi Eenzeg am Haus, déi keng Angscht virum Här Hartmann huet, scho guer net, wann hien ultraextrasupermegarose gëtt. Si huet fréier Batterie gespillt, an enger Rockband, an dofir kann e bësse Jäizen si guer net aus dem Konzept bréngen.

An engem Zëmmer vun hirem Appartement stinn nach hir al Instrumenter, mee gespillt huet si scho laang net méi dorop. Wann si vun der Aarbecht kënnt, da këmmert si sech ëm d’Patty, an um Enn bleift hir guer keng Zäit méi, fir sech nach ëm sech selwer ze këmmeren. Souwisou däerf een an engem Appartement keng haart Musek spillen, ob mat Här Hartmann oder ouni. D’Patty géif esou gär Keyboard léieren, mee souguer d’Klabbere vu senge Fanger op den Taste stéiert den Här Hartmann. Dofir léisst hatt seng Hänn esou just iwwert de wäissen a schwaarze Rechtecker schwiewen, ouni se ze beréieren, a stellt sech de Klang a sengem Kapp vir. Wéi wann e Gespenst géif Piano spillen.

Dem Patty seng Mamm huet hatt iwweregens no der bekannter Rocksängerin Patti Smith benannt. Obwuel Patricia Schmit bei Wäitem net esou cool kléngt, wéi Patti Smith.

„Kanns du sangen oder en Instrument spillen? Da maach mat bei eisem Schoulfest!“ 

Dat steet um Ziedel, deen d’Patty méindes moies an der Schoul um schwaarze Briet entdeckt.

„Du spills dach Keyboard, oder?“,  freet de Schoulmeeschter. 

„Wier dat dann näischt fir dech?“ 

Mee d’Patty hieft d’Schëlleren. Wéi soll hatt da prouwen, mam Här Hartmann niewendrun, dee kee Kaméidi verdréit?

„Musek ass dach kee Kaméidi“,

seet seng Mamm, wéi d’Patty hir owes dovu verzielt. 

„Natierlech méchs du mat beim Schoulfest!“

Den nächste Samschden treffen sech den Tyron, dee Bass spille kann, an d’Yuki, dat zënter engem Joer Gittar léiert, beim Patty doheem. Dem Patty seng Mamm war direkt bereet, fir op der Batterie auszehëllefen. Si hu souguer dru geduecht, Ziedelen an de Boîtten ze verdeelen, fir déi aner Leit aus dem Haus ze warnen, dass um Samschdemëtten déi offiziell Primärschoul-Rockband hir alleréischte Prouf hätt.

DÄNG, DÄNG, DÄNG, mécht d’Gittar. KLIMPEDING-KLIMPEDUNG mécht dem Patty säi Keyboard. DUMP-DEDUMP-DEDUMP mécht dem Tyron säi Bass. BUMM-TSCHACK-SCHEPPER-BUMM mécht dem Patty senger Mamm hir Batterie.

„Cool kléngt dat“, mengt den Tyron, „lo feelt eis just nach Gesang!“

Sange kann awer kee vun hinnen, op alle Fall net haart genuch, fir de Kaméidi, ehm, d’Musek ze iwwertéinen.

Grad dee Moment knuppt et fest widdert d’Mauer: 

– ZE HAAARRRTTT! MÉI LUUUUEEESSS!

„Wow“, mengt d’Yuki, „dat ass haart.“

„Dat ass eisen Noper“, äntwert d’Patty.

„Ass dee Rocksänger?“, freet den Tyron.

D’Patty rëselt de Kapp. „Dee war fréier emol Apdikter, mee elo ass hie just nach rosen. An zwar Vollzäit an ultraextrasupermegavill.“

„Villäicht ass hien einfach rosen, well hei ëmmer eppes lass ass an hien sech langweilt, esou ganz eleng an senger Wunneng“, seet d’Yuki.

D’Patty denkt ee Moment doriwwer no. An dann op eemol huet hatt eng Iddi.

D’Schell mécht DING-DONG an da stinn d’Patty, d’Yuki, den Tyron an dem Patty seng Mamm beim Här Hartmann virun der Dier. Opgereegt sinn se alleguer e bëssen, well se den Här Hartmann jo nach ni a Wierklechkeet gesinn hunn.

Zu hirer Iwwerraschung geet d’Dier tatsächlech op. Am Fong gesäit den Här Hartmann ganz normal aus: Hien ass normal grouss an huet normal Kleeder un, just seng Hoer stinn e bëssen ze Bierg. Dat ass bestëmmt vum Jäizen.

– FIRWAT ASS ET??!!

D’Patty traut sech fir d’éischt:

„Ehm, also, ehm, Här Hartmann, mir wollte froen, ob, ehm“ … 

– DA SCHWÄTZ LO!!!

„Dat do ass vun der Lautstäerkt perfekt“, pëspert d’Yuki dem Patty an d’Ouer, „wann hien elo nach d’Noute géif treffen“

„Also, ehm, Här Hartmann“, setzt d’Patty nach eemol un, „mir hunn eng Rockband gegrënnt, a mir sichen dofir e richteg gudde Rocksänger fir eist Schoulfest. Mir wëssen zwar, dass Dir Kaméidi, ehm, Musek net gär hutt, mee Dir wiert wierklech tipptopp qualifizéiert.“

D’Patty hält sech virsiichtshallwer schonn emol d’Oueren zou, well hatt fäert, dass geschwënn en ultraextrasupermegaheftegt Donnerwieder lassgeet. Mee zu de Kanner hirer Iwwerraschung freet den Här Hartmann just:

„Wann ech matmaachen, versprécht deng Mamm dann, moies ni méi hir Cornflakes ouni Mëllech z’iessen?“

Domat haten si elo net gerechent. D’Patty kuckt eriwwer bei seng Mamm. Si wëll direkt protestéieren, mee wéi si dem Patty säi Gesiicht gesäit, gëtt si nodenklech. Um Enn néckt si. 

„Ok, Här Hartmann. Just nach mat Mëllech. Versprach.“ 

Den Dag vum Concert sinn se all ganz gespaant an e bëssen opgereegt, well se net wëssen, ob den Här Hartmann dann elo tatsächlech wäert opdauchen. Um 16 Auer kuckt de Schoulmeeschter besuergt op seng Auer: „Elo musse mer awer esou lues ufänken.“ 

An dann op eemol steet hien am Schoulhaff. D’Patty hat ee Moment gefaart, hie géif a senger Apdiktesch-Schipp kommen, mee en huet tatsächlech en T-Shirt un, vun der Band The Smiths. 

Den Tyron rif f t hien op d’Bün an de Schoulmeeschter schrauf t ganz konzentréiert um Mikrostänner ronderëm, fir en op dem Här Hartmann seng Gréisst anzestellen. 

1, 2, 3, zielt dem Patty seng Mamm un, sou dass jiddwereen et héiert, an den Här Hartmann fiert direkt zesummen: 

– MUSS DAT SOU HAART SINN? 

DÄNG, DÄNG, DÄNG, mécht d’Gittar. KLIMPEDING-KLIMPEDUNG mécht dem Patty säi Keyboard. DUMP-DEDUMP-DEDUMP mécht dem Tyron säi Bass. BUMM-TSCHACK-SCHEPPER-BUMM mécht dem Patty senger Mamm hir Batterie. An den Här Hartmann jäizt: 

– ZE HAAARRRTT!!! 

Seng Stëmm iwwertéint o uni P roblem den DÄNG-DÄNG an de KLIMPEDING-KLIMPEDUNG an och den DUMP-DEDUMP a souguer de BUMM-TSCHACK- SCHEPPER-BUM. Zesumme sinn si vill méi haart, wéi wann dem Patty seng Mamm hir Cornflakes ouni Mëllech ësst. 

An op eemol mécht de ganze Publikum mat: 

– ZE HAARRRTTT! ZE HAAARRRTTT! 

Den Här Har tmann kuckt e bësse verdaddert, mee d’Patty, den Tyron an d’Yuki jäizen, ehm, sange lo och: 

– MÉI HAARRRTTT! MÉI HAARRRTTT! 

Zum Schluss klappen d’Leit alleguer begeeschtert an d’Hänn, an den Här Hartmann muss mat e puer Fans souguer e Selfie maachen. 

„Wéi heescht dann är Band iwwerhaapt?“, freet de Schoulmeeschter. D’Patty denkt eemol kuerz no a muss da laachen: 

„Ech mengen, mir heeschen Ultraextra-supermegagutt.“ 

TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?