Die Schülerinnen und Schüler mit ihren Lehrerinnen und den Interview-Partnern Jean Ney und Jean Ferber (ganz links).

Mini-Redaktioun: “Nei-Brasilien” in Grevels

19. Juli 2023

Dieser Erlebnisbericht wurde von den Cyclen 3.1 und 4.1 aus der Grundschule in Grevels verfasst. Zusammen mit ihren Lehrerinnen Fabienne Gressnich und Tessy Everling haben die Schüler eine Radioreportage vorbereitet, aufgenommen und geschnitten. Die Schülerinnen und Schüler haben über den Ursprung des Namens ihrer Schule, “Nei Brasilien”, recherchiert.

Hier kannst du die Radioreportage anhören

Mir, de Cycle 3.1 a Cycle 4.1 vu Gréiwels hu bei der Mini-Redaktioun vum Piwitsch matgemaach. Mir hunn d’Thema „Nei Brasilien“ erausgesicht, well mir virwëtzeg waren, firwat eis Schoul esou heescht a well et eis wichteg war, datt dës Geschicht net vergiess sollt ginn.

D’Leit vum Piwitsch si bei eis an d’Klass komm an hunn eis beroden, wéi mir bei eiser Recherche kënne virgoen. Duerno hu mir de Reportage „Ein Dorf wie kein anderes: Grevels Neu-Brasilien“ gelauschtert, deen 1990 um „Saarländischen Rundfunk“ ausgestraalt gouf. Doraus hu mir Informatioune gesammelt, déi mir duerno an eisem Interview verwäert hunn.

Mir hu vill Zeitungsartikele gelies, déi d‘Famill Ney vum Musée Thillenvogtei zu deem Thema gesammelt hat. Mir hunn eng sougenannten “Mindmap” zu de sechs Froe „Wou-Wat-Wien-Wéini-Wéi-Wisou“ geschriwwen. Mir hunn du probéiert, déi ze beäntwerten. 

Mir sinn op d‘Iddi komm, zwee Experten an eis Klass ze invitéieren. Mir hunn dunn eng E-Mail geschriwwen un d‘Häre Jean Ney a Jean Ferber an hu mat hinnen ee Rendezvous-vous an eiser Klass ausgemaach, fir hinne Froen zum Thema „Nei Brasilien“ ze stellen. Mir hunn eis vill Gedanke gemaach a ganz vill Froen op Ziedelcher geschriwwen.

Vun eisen 154 Froen hu mir der 12 zréck behalen. Doropshin hu mir déi verschidde Chargë verdeelt: Fotograf, Tountechniker a Froesteller. Mir hunn eis op den Interview virbereet a geüübt. Mir hu missen oppassen, datt mir d’Persoun ukucken där mir Froe stellen, datt mir däitlech an haart schwätzen an och gutt nolauschteren, fir duerno op hir Äntwerte kënnen ze reagéieren.

Den 12. Juni 2023 sinn de Jean Ney an de Jean Ferber an eis Schoul komm an hunn sech eise Froe gestallt. Nodeems mir den Interview ofgeschloss haten, hu mir e gelauschtert, eis déi wichtegst Informatiounen erausgesicht an dat mam Programm “Audacity” geschnidden.

Eis Klasse sinn a sechs Gruppen opgedeelt ginn. All Grupp huet eng Intro an eng Outro geschriwwen a seng Iddi virgelies. Mir hunn eis dunn am Klassegrupp op eng zesummegesate Versioun gëeenegt. Déi néng Sätz vun der Intro an der Outro sinn op néng Kanner opgedeelt ginn. Dës Kanner hunn eenzel hire Saz opgeholl. 

Zum Schluss hu mir dunn déi verschidden Deeler zu engem ganze Reportage zesummegesat an dësen Erliefnisbericht geschriwwen.


En Deel vum Radioreportage ass och an der Kannerkëscht um Radio 100.7 gesent ginn. Hei kann ee sech dës Sendung ulauschteren.

TEILEN

Andere Artikel

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?