D'Finalistinnen a Finalisten vum Virliesconcours haten alleguer flott Texter ausgewielt. Foto: SCRIPT

Freed um Liesen, Loscht op Schauspillerei

28. Juni 2023

D’Manon Guinaudeau huet de Virliesconcours 2023 gewonnen an dem Piwitsch verzielt, wéi hatt dat erlieft huet.

Dësen Dënschdeg 27. Juni hu 15 Schülerinnen a Schüler e besonnesch spannenden Nomëtteg am fréiere Kino Ariston zu Esch-Uelzecht erlieft, deen elo zu Escher Theater gehéiert. Si waren nämlech an der Finall vum Virliesconcours 2023, de Concours bei deem déi bescht Virlieserin oder dee beschte Virlieser aus dem Cycle 4 vum Fondamental gesicht gëtt. 15 Kanner waren ugetrueden: D’Zoé Assel, de Leo Bangnowski, d’Esther Dayan, d’Viola De Meester, d’Agathe Grosjean, de Finn Guden, d’Manon Guinaudeau, d’Eugénie Jacque, d’Lenie Keilen, d’Naida Kocan, den Issey Leroux, d’Li Meyers, d’Mathilde Morin, de Philip Ronkar an d’Michelle Serres.

D’Finale vum Virliesconcours war dëst Joer am fréiere Kino Ariston zu Esch-Uelzecht. Foto: SCRIPT

Si hate Membere vun hirer Famill, hir Enseignanteën oder Enseignanten mee an deels och Schoulkomerodinnen a -komerode matbruecht, déi si ënnerstëtzt hunn. E puer Frëndinnen a Frënn haten esouguer Plakater gemaach, fir hir Favoritin oder hire Favorit unzefeieren.

Et ass eng riseg Erausfuerderung, virun engem grousse Publikum ze liesen. Foto: SCRIPT

Du kanns dir sécher virstellen, dass et eng immens Erausfuerderung ass, virun engem grousse Publikum Texter virzeliesen. Wann een dann och nach weess, dass eng Jury bewäert, ob d’Finalistinnen a Finalisten d’Texter richteg, fléissend an däitlech virliesen an ob si et fäerdeg bréngen, d’Stëmmung aus dem Text gutt eriwwer ze bréngen, dann ass dat Ganzt nach vill méi opreegend!

D’Manon beim Virliese vum Text, deen hatt sech erausgesicht hat. Foto: SCRIPT

An enger éischter Ronn hunn d’Finalistinnen a Finalisten en Text virgelies, dee si selwer erausgesicht hunn an deem zum Thema vum Virliesconcours huet misse passen. Dat Thema war dëst Joer d’Gléck. Dono hu si an därselwechter Sprooch missen en Text virliesen, dee si net kannt hunn, wat natierlech nach vill méi schwéier ass! Néng Kanner hate sech dofir entscheet, Texter op Däitsch virzeliesen a sechs haten Texter op Franséisch ausgewielt.

D’Membere vum Jury, den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), de Claude Karger (Coordinateur fir Medieprojete beim SCRIPT), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Irène Petesch (Enseignante a Schoulbibliothecaire) hu sech dunn zréck gezunn fir doriwwer ze beroden, wien déi beschte Virlieserin oder de beschte Virlieser ass.

D’Organisatricen an de Jury mat der Gewënnerin. Foto: SCRIPT

Si hu fonnt, dass d’Manon Guinaudeau vu Biissen seng Texter am beschte virgelies huet. Du wëlls wëssen, wéi d’Manon de Virliesconcours erlieft huet? Da kuck der den Interview-Video un, an deem hatt och verzielt, dass hattschonn ëmmer begeeschtert vum Liese war an dass hatt gäre géif Schauspillerin ginn. Vill Spaass beim Kucken a Lauschteren!

Wat ass de Virliesconcours ?

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum SCRIPT/Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul. Déi interesséiert Klasse kënne sech umellen an da gëtt fir d’éischt gekuckt, wien an der Klasse déi bescht Virlieserin oder dee beschte Virlieser ass. Dono gëtt gekuckt, wien déi bescht Virlieserin oder dee beschte Virlieser an der Schoul ass.

D’Gewënnerinnen a Gewënner aus de Schoule mussen dann eng Opnam vun engem Text, dee si virliesen, un de SCRIPT schécken. Aus deenen Opnamen – dëst Joer waren dat der 95 – ginn da vun enger interner Jury déi 15 Finalistinnen a Finalisten ausgewielt. Si ginn invitéiert op eng Plaz ze kommen, wou d’Finall stattfënnt a mussen da virun enger anerer Jury een Text virliesen, dee si selwer ausgewielt hunn an een aneren Text, dee si net kennen.

All Finalistin a Finalist kritt e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin oder de Gewënner kritt e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag. Du wëlls och gär beim Virliesconcours matmaachen? Da kuck am spéiden Hierscht op der Websäit www.script.lu oder fro deng Enseignante oder däin Enseignant!

TEILEN

Weitere Topthemen

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?