Watgelift?

14. Dezember 2022

Klatzen a Wicken

Déi eng freeë sech, wann et schneit, déi aner si genervt. Mam Schnéi kann ee sech nämlech ameséieren, e kann engem awer och d’Liewe schwéier maachen.

Bléist de Wand de Schnéi op e Koup, schwätzt ee vu Wicken oder vu Schnéiwicken. Dora kann den Auto

och emol stieche bleiwen. Méi schéin a manner geféierlech ass, wann d’Kanner am Schnéi spillen an zum Beispill Schnéimännercher bauen oder eng Schnéiballschluecht maachen. Da geheie se mat Schnéiklatzen.

Als Wick bezeechent een awer och de Fuedem, un deem een eng Käerz ufänkt. Klatz ass en eelert Wuert fir eppes, wat ee mat den Hänn zesummegedréckt huet. Klatze kënnen awer och aus Holz sinn, zum Beispill beim Keelespill. D’Kugelen, mat deenen ee muss d’Keele geroden, fir datt se ëmfalen, nennt ee Klatzen.

Och d’Äerdkugel gouf alt als Klatz bezeechent an heiansdo héiert een nach, datt ee seng Klatz wéi huet, dann huet deen de Kapp wéi. Dann hëlleft vläicht en Trëppeltour an der frëscher Loft, egal ob et schneit oder net …

An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).

TEILEN

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?