Watgelift?

03. Juli 2023

Wéi een aus engem grousse Koup e klenge Koup mécht

Ganz einfach, et hänkt een eppes drun! An zwar -chen. E Wuertdeel, deen een hannen u Wierder pecht, nennt ee Suffix. Suffixe maache Wierder zwar méi laang, ma hire Sënn gëtt dann dacks méi kuerz oder kleng. Wann dat geschitt, schwätzt ee vun Diminutiven. Aus engem Koup gëtt e Kéipchen an aus engem Bouf e Béifchen, aus engem Tuerm en Tiermchen, aus enger Tut eng Titchen an aus enger Taart eng Täertchen.

Heiansdo ännert sech mam Suffix och de Sënn: Eng Aachtchen kann eng kleng Aacht sinn oder awer e Kaffiskichelchen oder e verbéitent Rad.

Verschidde Wierder gëtt et just nach an hirer -chen-Form, zum Beispilll Kanéngchen a Kaweechelchen.

Oder weess du éieren, wat e Kanéng oder e Kaweechel sollt sinn? Bei anere Wierder ass engem knapps nach bewosst, datt et sech ëm en Diminutiv handelt: E Bréitchen ass e klengt Brout, e Meedchen eng kleng Mod an de Kleeschen ass e klenge Klos (vum Numm Niklos, Nicolas).

An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).

TEILEN

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?