D’Geschicht vun der Tounopnam 

14. Januar 2024
Liebe Lehrpersonen,

Ein Arbeitsblatt zu diesem Artikel finden Sie hier.

Weiteres begleitendes Unterrichtsmaterial zu anderen Artikeln wie zum Beispiel ein Quiz, ein Kreuzworträtsel oder eine Wortsuche finden Sie zu jeder Zeit auf
www.piwitsch.lu/ab. Das Zeichen links verweist in der Druck-Ausgabe des Piwitsch auf Arbeitsblätter und Arbeitsaufträge, die Sie jederzeit dort als PDF-Download aufrufen können.

Musek ass haut iwwerall: Et lauschtert een se mam Kopfhörer am Bus fir an d’Schoul, et héiert een se am Supermarché, wann een akafe geet, geneesou wéi wann ee Videospiller spillt oder Sport mécht.

Et ass schwéier, sech virzestellen, dass et eng Zäit gouf, an där dat net esou war. Eréischt zënter e bësse méi wéi 100 Joer ass et iwwerhaapt méiglech, Musek opzehuelen an och erëm ofzespillen. Zwar konnt ee virdrun Nouten opschreiwen an da vum Blat ofliesen, mee wann ee wollt wëssen, wéi e Stéck wierklech geklongen huet, dann huet ee missen an deem Moment derbäi sinn, wéi et gespillt gouf. 

Am 19. Joerhonnert hunn d’Leit fir d’éischt probéiert, Toun opzezeechnen. „Zeechnen“ ass dobäi wuertwiertlech gemengt: Déi éischt Apparater hunn nämlech mat der Hëllef vun engem Stëft, engem Stylus, d’Schwéngunge vum Klang an eng bildlech Duerstellung iwwersat.

Déi alleréischt Tounopnam gouf 1857 vum Fransous Edouard-Léon Scott de Martinville gemaach. Seng Erfindung huet hien de „Phonautograph“ genannt. Domat konnt hien zwar Téin ophuelen, allerdéngs gouf et deemools nach keng Maschinn, mat där een déi och erëm hätt kënnen oflauschteren. Eréischt 2008 ass et gelongen, dem Martinville seng Opnam ofzespillen. 

Deen éischten Apparat, deen Toun ophuelen an ofspille konnt, gouf 1877 vum Amerikaner Thomas Alva Edison erfonnt. „Phonograph“ huet hien e gedeeft. Et ass keen Zoufall, wann dat esou änlech kléngt wéi beim de Martinville. Den Numm ass zesummegesat aus zwee algriichesche Begrëffer: „Phono“ (dat kënnt vu phone) steet fir „Toun“ a „Graph“ (vu graphe) heescht „Schrëft“. Dat éischt Lidd, dat den Edison mat sengem Phonograph opgeholl huet, war d’Kannerweis „Mary Had A Little Lamb“.

Och aner Erfinder hunn zu där Zäit änlech Iddien entwéckelt an dem Edison domat Konkurrenz gemaach. Sou zum Beispill den Emil Berliner mat sengem Grammophon (1888). Wärend beim Edison sengem Phonograph d’Musek op Zylinder opgeholl gouf, hat de Berliner d’Iddi, eng Scheif ze benotzen. Esou huet hien d’Plack erfonnt, déi mir och haut nach kennen. 

Souwuel de Phonograph wéi och de Grammophon hunn d’Musek akustesch opgeholl, mat Hëllef vun engem groussen Triichter. Wann een also wollt e ganzen Orchester ophuelen, dann huet een déi haart Instrumenter, wéi d’Trompetten, misse ganz hannen an de Raum setzen, wäit ewech vun deene méi luesen, wéi dem Kontrabass oder dem Piano, déi no beim Triichter gespillt hunn. Mat der Zäit goufen déi akustesch Opname mam Triichter ëmmer méi dacks duerch Opname mam Mikro ersat, deen den Toun elektresch verstäerke konnt. 

Un der Erfindung vum Mikro war iwweregens erëm den Thomas Alva Edison bedeelegt, genee esou wéi den Alexander Graham Bell (deen een och als Entwéckler vum Telefon kennt). 

D’Plack an de Plackespiller goufen no an no ëmmer méi populär, och wann d’Technik Nodeeler hat. Sou hunn sech Placken zum Beispill relativ séier ofgenotzt, well d’Nol, déi iwwer d’Scheif gefuer ass an domat den Toun gelies huet, d’Material gläichzäiteg e bësse beschiedegt huet. Ausserdeem huet een op Placke vill Niewegeräischer héieren, Gekréckels a Gedauschs, dat beim Lauschtere konnt stéieren. 

Fir Musek opzehuelen, huet sech dofir zënter den 1940er Joren eng nei Technik duerchgesat: d’Tounband. Hei gëtt den Toun net duerch e Stëft an eng Matière geritzt, mee duerch de Prinzip vum Elektromagnetismus vun engem Band ofgelies.

Dat huet de Virdeel, dass d’Material sech net esou séier ofnotzt, well et beim Liese keen direkte Kontakt tëscht dem Band an dem Tounkapp gëtt. 

Erfonnt huet dee Prinzip Enn vun den 1920er Joren den Éisträicher Fritz Pfleumer, deen iwweregens och de Stréihallem entwéckelt huet. 1935 huet hie säi Magnetophon virgestallt. D’Technik gouf net nëmme fir Museks-, mee och fir Sproochopname genotzt. An Däitschland gouf se zum Beispill wärend dem Zweete Weltkrich vun den Nationalsozialisten agesat. Den Jack Mullin, en amerikaneschen Zaldot, deen an Däitschland stationéiert war, huet sech fir déi Erfindung interesséiert an déi däitsch Tounbandapparater nom Krich mat an Amerika geholl. 

Besonnesch fir de Radio war dat praktesch: Doduerch hu Sendungen net méi misse live aus dem Studio gesent ginn, mee konnten am Viraus opgeholl ginn. Anescht wéi bei de Placken konnt een op Tounbänner vill méi einfach Feeler aus dem Band erausschneiden an et nei zesummepechen. Op enger Plack huet een dogéint bei all Feeler misse vu vir ufänken.

Laang Zäit goufen Tounbänner dann och virun allem beim Radio an a professionelle Museksstudioen agesat. Eréischt 1971 gouf mat der Kassett eng Versioun vum Tounband entwéckelt, déi jiddereen doheem konnt lauschteren. Well Kassette vill méi handlech ware wéi Placken, haten se séier Erfolleg, besonnesch wéi et vun 1979 un duerch de Walkman méiglech gouf, seng léifste Musek iwwerall ze lauschteren.

Mee och d’Kassett sollt net fir ëmmer bleiwen. 

1981 gouf d’CD entwéckelt. CD ass d’Ofkierzung fir Compact Disc, also eng Scheif, déi méi kleng a kompakt ass wéi d’Placke vu fréier. Den éischte Museksalbum, deen op CD verëffentlecht gouf, war 1982 „The Visitors“ vun der schweedescher Band ABBA. Am Géigesaz zu der Plack an der Kassett ginn et op der CD bal keng Geräischer méi, déi stéieren, weeder Dauschen nach Knacken. D’Date ginn net méi vun enger Nol, mee vun engem Laser gelies. Grad dofir fannen awer och munch Leit, dass d’CD ze perfekt kléngt an net esou natierlech, wéi Musek eeben a Wierklechkeet kléngt. Zur Wierklechkeet gehéiert nämlech e bëssen Dauschen a Knacken einfach dozou.

An den 1970er an 1980er Joren goufen och déi éischt Computeren entwéckelt. Gläichzäiteg sinn déi éischt Synthesizer entstanen. Dat ass eng Zort Piano, op deem een Téin ka spillen, déi net onbedéngt deene vu richtegen akusteschen Instrumenter gläichen. Et si Kläng, déi reng elektronesch fabrizéiert ginn. Déi héiert een zum Beispill direkt am Ufank vum 1980er Hit „Tainted Love“ vun der Band Soft Cell. Deemools war dat eng Sensatioun. Haut ginn déi meescht Kläng, déi een an aktuelle Lidder héiert, net méi op richtegen Instrumenter wéi Gittaren oder enger Batterie gespillt, mee um Computer gemaach. 

Am Ufank vum zwanzegste Joerhonnert hu vill Musekerinnen a Museker an engem grousse Raum misse probéieren, e ganzt Stéck ouni eng eenzeg falsch Nout ze spillen, fir dass et op der Opnam gutt geklongen huet. Haut kann een e Lidd eleng a senger Kummer ophuelen. All déi komplizéiert Technik, déi ee fréier just a groussen Opnamestudioe fonnt huet, stécht haut an engem eenzege Programm, deen op e Smartphone passt.

Dofir war et och nëmmen eng Fro vun der Zäit, bis d’Musek selwer sollt op e Smartphone passen. An den 1990er huet den däitsche Mathematiker Karlheinz Brandenburg d’MP3-Technik entwéckelt, déi et méiglech mécht, eenzel Museksstécker als Dateien op engem Computer ofzespäicheren. Wärend virun 100 Joer nëmmen e puer Minutte Musek op eng Plack gepasst hunn, sou passen haut Dausende Lidder an engem seng Boxentäsch.

TEILEN

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?