Watgelift?

17. April 2023

D’Wiel zu Wal: Walen ouni Walen

2023 ass e ganz extrat Joer fir Lëtzebuerg, op dʼmannst emol politesch gesinn. Well da gëtt hei am Land gewielt, an dat direkt zweemol: Am Juni si Gemengewalen an am Oktober si Chamberwalen. DʼWuert „Walen“ huet natierlech mat „Wielen“ ze dinn, well aus alle Kandidaten a Kandidatinnen déi Leit gewieltginn, déi dʼVollek wäerte vertrieden.

Och op Däitsch schwätzt ee vu „Wahlen“. Am Däitsche kritt dat en „h“. Fir den „a“ laang ze schwätzen, brauch een am Lëtzebuergeschen awer kee sougenannten „Deenungs-h“, dee weist, datt den „a“ méi laang geschwatgëtt. Dofir: einfach „Walen“.

Esou “Walen” ginn et just am Mier.
(Foto: Shutterstock)

Mat „Walen“ kënnen natierlech och déi grouss Déieren am Mier gemengt sinn. Déi ginn och dacks „Walfësch“ genannt, obschonn et jo keng Fësch, mee Mamendéiere (op Däitsch „Säugetiere“) sinn. Datt d’Walen aus dem Mier an d’Walen zu Lëtzebuerg d’selwecht geschriwwe ginn, ass kee Problem, well een se net ka verwiesselen. Wann an enger Gemeng„Wale“ sinn, weess jiddwereen, datt do keng Orcaen duerch eng Baach schwammen.

„Walen“ gëtt et zu Lëtzebuerg natierlech och an der Gemeng Wal. An hei haten d’Leit 2021 d’Wiel, op d’Gemeng Wal an d’Gemeng Groussbus sollte fusionéieren, ob si also sollten zesummen eng grouss Gemeng ginn. D’Wiel zu Wal ass op „Jo“ gefall.

Zu Wal an zu Groussbus ass och gewielt ginn. Hei haten d’Leit d’Wiel, op déi zwou Gemenge sollten zesummewuessen oder net. (Foto: Schoulcampus Nei Brasilien)
“Walen” kann et och an engem Kachdëppen.
(Bild: Shutterstock)

DʼWuert „Wal“ kann awer och e Flouernumm sinn an e Bësch (op Däitsch „Wald“) bezeechnen. An et ka fir Welle stoen. Et seet een dann och: „DʼWaasser waalt am Dëppen“ oder: „DʼZopp dierf net kachen, se soll just opwalen.“

An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).

TEILEN

Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?