Den Hond ass en Déier, dat de Mënsch scho laang begleet. E war en deegleche Begleeder zu enger Zäit, wéi d’Mënschen nach keng Haiser gebaut hunn, a war och schonns do, wéi déi éischt Felder ugeplanzt an déi éischt Ställ gebaut gi sinn. Dofir wonnert et net, datt den Hond dacks an der Sprooch virkënnt. Et géif een och mengen, dat treit Hausdéier hätt e gudden Androck an der Sprooch hannerlooss. Dat ass awer guer net de Fall.
Den Hond an d’Planzen Well den Hond en Déier ass, dat dem Mënsch esou no steet, ass en och erbäigezu ginn, fir aner Wierder ze bauen, sou wéi zum Beispill d’Planzen Hondskiischt (viburnum opulus) oder Hondsaasch (mespilus germanica). Déi lescht Planz heescht eventuell esou, well hir Friichten esou ausgesi wéi den Hënneschte vum Hond.
Scho wann d’Réimer den Hond an der Sprooch gebraucht hunn, war e schlechte Bäigeschmaach domat verbonnen. Hënn ware knaschteg Déiere fir si. Genee sou war et och am Mëttelalter an Europa. An sou fënnt een haut nach am Lëtzebuergeschen Ausdréck wéi Hondsaarbecht (eng Aarbecht, déi eng grouss Plo ass), Hondsbeidel (en Ausdrock, fir een ze vernennen; wuertwiertlech Honds-Sak) oder Hondswieder (schlecht Wieder) an Hondsdeeg (déi wäermsten Deeg vum Juli an August). Wa vum Hondséislek geschwat gëtt, dann ass domat den nërdlechsten Deel vum Éislek gemengt, vun deem et fréier geheescht huet, datt do net vill géing wuessen.
An Zesummenarbécht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).
Weitere Topthemen
Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?