Klick op dee klengen Dräieck fir d’Geschicht ze lauschteren.
„Et geet duer mam Fraass!“ Sou steet a grousser faarweger Schrëft op engem
Kartongsschëld, dat iergendeen op d’Kantinsdier gepecht huet. Ier déi éischt Schoulstonn ugeet, ass d’Schëld scho rofgerappt ginn an et gëtt net weider iwwert de Virfall geschwat. Et huet och vläicht keen eppes matkritt. Den Dag drop hänkt en neit Schëld do. „Gitt eis eppes Uerdentleches z’iessen!“ An den Dag drop rëm eent: „D’Kantin ass null!“
Lo héiert een d’Schüler an d’Schülerinnen an de Bänke pësperen. Huet een eppes gesinn? Wat heescht dat, Fraass? Wéi fënns du d’Kantin? De Schoulmeeschter huet et net einfach, fir d’Kanner roueg ze halen. D’Opreegung ass grouss. A well bis elo kee weess, wien déi Schëlter ophänkt, léisst d’Schoul owes eng Kamera installéieren. Den Dag drop moies huet sech eng Grupp Kanner virun der Kantin versammelt, ier een dat neit Schëld, dat lo do hänkt, konnt rofhuelen. „Wat soll dee Bräi?!?“, steet do.
Am spéide Moie kommen dem Lucie seng Elteren an d’Schoul, an hannert der Dier vum Léierpersonal héiert een haart Stëmmen. Si huelen d’Lucie duerno mat heem. War hatt et, dat déi Schëlter opgehaangen huet? Déi ganz Schoul kuckt no, wéi d’Lucie mat Tréinen, déi him d’Baken eroflafen, iwwert de Schoulhaff gezu gëtt. Hatt huet d’Hänn zu Fäischt gerullt.
Den Dag drop staunen d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen, wéi se an der Mëttespaus aus hire Klassesäll kommen. Ënnert e grousst Bild vun engem moderne Bauerenhaff, dat am Gank hänkt, huet ee geschriwwen: „Keng Käfeger fir Déieren!“ Ënnert en anert Bild, op deem ee Kanner gesäit, déi laachen, steet: „Kanner däerfen och traureg sinn!“ Op der Dier vun engem Klassesall steet: „Mir wëlle méi molen!“ Op enger anerer: „Mir wëlle manner molen!“ Am Schoulhaff hänkt e Schëld, wou dropsteet: „Behandelt eis net ëmmer wéi Kanner!“ Op der Dier fir op d’Toilette steet: „Sidd méi léif mat eis!“, an op där vum Aarbechts- a Kaffiszëmmer vum Léierpersonal: „Rufft net ëmmer eis Elteren, wann eppes net klappt!“
No enger wibbeleger Mëttespaus decidéieren d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen, d’Kanner all am Schoulhaff ze versammelen, fir se zur Ried ze stellen. „Wie war dat?“, freet ee Schoulmeeschter. Hie kritt keng Äntwert. „Wie war dat?“, freet hien nach emol, méi streng. Fir d’éischt strecke just e puer Kanner d’Hand aus, mee et dauert net laang, da sinn all d’Hänn an der Luucht. „Wat hätt der da gär“, freet eng Joffer, „dir kënnt dach net déi ganz Schoul sou verschampeléieren.“
„Et ass éischter ëmgedréint. D’Schoul verschampeléiert eis“, seet d’Lucie.
„Dir këmmert iech net genuch ëm eis“, seet den Ibrahim.
„Mir wëlle matschwätzen. Et ass och eis Schoul“, seet d’Mila.
„Et gëtt ze vill Problemer“, seet den Eric.
„A wat stellt dir iech da vir?“, freet ee Schoulmeeschter mat engem Laachen, dat däitlech mécht, datt hien si net eescht hëlt.
„Ma et ass einfach, äntwert d’Lucie, „vu lo u lauschtert dir eis besser no, wa mir iech soen, wat mir brauchen.“
„Jo, mee mir kënne jo awer net jiddwerengem eenzel seng Wënsch erfëllen. Sou geet dat dach net!“, ruffen d’Schoulmeeschteren an d’Léierinne ganz entsat. „Dat géif jo just e groussen Duerchernee ginn.“
Mee een anere Schoulmeeschter, deen all Mënsch ënnert dem Numm Pedro kennt, seet op eemol: „Dir musst e Schülerpresident wielen. Dat ass zwar net üblech an de Schoulen, dir wäert déi éischt Schoul, déi sou eppes mécht, mee et hëlleft eis, besser ze verstoen, wat dir wëllt.“
„Wat ass e Schülerpresident?”, freet den Eric.
„Schülerpresident oder -presidentin“, betount d’Mila.
De Pedro kuckt d’Kanner eent nom aneren un: „De Schülerpresident – oder – presidentin – ass déi Persoun, déi Spriecher vum Schoulparlament ass, an deemno also am Numm vun iech all mam Léierpersonal schwätzt. Hien oder hat t sammelt d’Fuerderunge vum Schoulparlament, dat aus Membere vun all Cycle besteet, an dréit eis se vir. Mir kucken dann, ob déi Fuerderunge kënnen ëmgesat ginn. Mee fir ze decidéieren, wie Schülerpresident oder -presidentin gëtt, musst der ofstëmmen.
Dat nennen déi Erwuessen dann Demokratie. Dat ass, wann d’Vollek vun engem Land seng Vertrieder wielt. Dir alleguer sidd an dësem Fall d’Vollek.“
Déi Erklärunge schéngen de Kanner logesch. Fir den Dag drop an der Mëttespaus sinn also an der Schoul Walen ugekënnegt. D’Lucie, den Ibrahim, d’Mila an den Eric stellen sech op, fir gewielt ze ginn. All d’Meedercher an all d’Jongen aus der Schoul kréie moies en Ziedel an de Grapp gedréckt. Dorop sti véier Nimm. Si sollen hannert hire Wonschkandidat oder hir Wonschkandidatin e Kräiz maachen.
Dee Moie gëtt keng Schoul gehalen, well d’Demokratie geet all Kand eppes un.
D’Léierinnen an d’Schoulmeeschtere kucken erstaunt, wéi déi Jonk eng grouss Këscht an de Schoulhaff droen, virun déi se e klengen Hocker stellen. Déi véier Kandidaten a Kandidatinne musse lo hire Programm virstellen. Si mussen déi aner Kanner iwwerzeegen, firwat et am beschten ass, si ze wielen.
D’Lucie däerf ufänken. „Wann ech gewielt ginn, setzen ech mech dofir an, datt et an der
Kantin net all Dag Hamburger mat Fritte gëtt. Ee vun de Grënn vun der Äerderwiermung an de villen Iwwerschwemmungen ass d’Massenziichtung vu Kéi, déi duerno op eisen Tellere landen. Mir musse manner bëllegt Fleesch iessen.“
„Buuuu!“, ruffe puer Kanner.
„Mir wëllen Hamburger mat Fritten!“, ruffen anerer. „Mat vill Mayonnaise!“
„Wann ech gewielt ginn“, seet d’Mila, „ginn déi Jongen, déi de Meedercher probéieren ënnert d’Jupe ze kucken oder hinne Frechheete maachen, just well se Meedercher sinn, sou haart bestrooft, datt se mat deenen Dommheeten ophalen. An ech verlaange vun der Schoul Coursen, fir ze léieren, wéi ee sech ze behuelen huet.“ „Jooo“, ruffen d’Meedercher, an awer och déi meescht Jongen am Haff, well si wëlle jo net zu deenen zielen, déi de Meedercher ënnert d’Jupe luussen.
„Wann ech gewielt ginn“, seet den Ibrahim, „da wëll ech, datt d’Schoul mol seriö dofir suergt, datt kee wéinst senger Hautfaarf oder dem Land, aus deem en hierkënnt, vun anere Kanner belästegt gëtt. A wann ee Schwieregkeeten am Däitschen huet, well en déi Sprooch doheem ni héiert, da kritt en extra vill gehollef an der Schoul.“ E puer Kanner klappen an d’Hänn.
Et ass um Eric. „Wielt mech, da verspriechen ech iech Follgendes: Mir kréie vun der Schoul e Klassesall, do späre mer all déi Schüler a Schülerinnen an, déi klauen oder anerer schloen oder aneren hir Saache futti maachen. An och all déi, déi schlecht Nummeren hunn. Déi mussen dann de ganzen Dag do eleng ënnert sech sëtzen an däerfe just eraus, wann d’Schoul eriwwer ass.“
Eng Stëmm rifft: „De ganzen Dag? Dat ass awer laang!“
Eng aner: „Jo, klauen a schloen a Saache futti maachen ass net gutt!“
Eng drëtt: „Jo, mee sou kënne se jo guer net léieren!“
„Pech!“, äntwert den Eric. „Dofir hunn déi aner awer hir Rou! A wësst der wat, wann der mech wielt, ersetzen ech all d’Franséischstonnen duerch Fussball!“
D’Kanner jäizen an hopse vu Freed. „Eric! Eric! Eric!“, ruffen se.
Den Eric leet nach eng drop: „An et gëtt sou vill Fritten, wéi ee wëllt! An ni méi Geméis! Loosst iech net vum Lucie soen, wat dir däerft iessen!“
„Yeaaaah!“, schaalt et duerch den Haff.
„Wat soll dat“, rifft d’Lucie, „dat do si bëlleg Tricker! Ech schwätzen hei vun eiser Äerd, déi mer net zerstéiere sollen, an dat geet nëmmen, wa mer all zesummen eis Gewunnechten änneren!“
Mee den Eric fillt sech lo gestäerkt:„An d’Mila däerf och net decidéieren, wou mir däerfen hikucken! Wann dat de Meedercher net gefält, datt een hinnen ënnert d’Jupe kuckt, sollen se Boxen undoen! Keng Extrawurscht fir d’Meedercher! An och net fir Leit aus anere Länner, mir si jo awer hei bei eis. Déi, déi net nokommen, sollen sech méi ustrengen!“
Et ass ee Moment roueg am Haff, d’Kanner sinn onsécher.
„Keen huet d’Recht, anerer ze belästegen!“, ruffen d’Mila an den Ibrahim.
Den Eric mierkt, datt dat, wat hie seet, net onbedéngt gutt ukënnt. Dofir rifft hien einfach schnell: „Fritten, Fritten, Fritten!“ an d’Äntwert ass rëm: „Yeaaaah!“
D’Mila fänkt u mat kräischen. D’Lucie hëlt hatt an den Aarm. Den Ibrahim steet hannert hinnen a weess guer net méi, wat soen.
D’Ziedele ginn ausgefëllt an an déi grouss Këscht geheit, wou de Pedro se een nom aneren erausfëscht, se kuerz liest an da Strécher op enger Lëscht mat véier Nimm mécht. 120 Kanner hu gewielt.
A wéi ze erwaarden, kritt den Eric déi meeschte Stëmmen. Awer net sou vill, wéi geduecht. 37 Kanner hu fir hie gewielt. 35 fir d’Lucie. A jeeweils 24 fir d’Mila an den Ibrahim.
„Gewonnen!“, rifft den Eric, „Hamburger mat Fritte fir jiddwereen!“
„Lo mol lues“, seet op eemol de Pedro. „Demokratie heescht, de Wënsch vum Vollek muss nogelauschtert ginn. Dir sidd an dësem Fall d’Vollek, hunn ech iech jo erkläert. Et hu méi Kanner fir déi respektvoll Iddie vum Lucie, Mila an Ibrahim gestëmmt wéi fir déi egoistesch vum Eric.“
„Jo, mee ech krut déi meeschte Stëmmen, ech gi President, ech hu gewonnen!”, bläert den Eric.
D’Lucie versteet: „A wéi wär et“, schléit hatt vir, „wa mir mam Mila a mam Ibrahim zu dräi Presidentinnen a President ginn. Zesummen hu mir 83 Stëmmen.“
„An domat eng demokratesch Majoritéit“, seet de Pedro. „Demokratie heescht och Allianze bilden, fir besser zesummenzeschaffen, am Sënn vum Vollek. Sidd dir dräi domat averstanen, zesummen d’Schüler an d’Schülerinnen ze vertrieden a Spriecher vum Schoulparlament ze ginn?“
D’Lucie, d’Mila an den Ibrahim dréien sech bei déi aner Kanner a soe feierlech: „Jo.“ Si kréie groussen Applaus.
„Mee … mee … dat geet dach net!“, rifft den Eric, ganz rout am Gesiicht vu Roserei.
„D’Kanner aus der Schoul hunn ofgestëmmt“, äntwert d’Lucie him. „Déi meescht hei si géint Diskriminatioun a géint Belästegung an och géint den ongesonde Fraass.“
Et dauert dräi Sekonnen, da seet den Eric lues: „A, du waars dat mat de Schëlter.
Ech muss zouginn, dat war eng gutt Iddi.“
„Gesäis de“, seet d’Lucie.
Weitere Topthemen
Vorsicht!
Du bist dabei, piwitsch.lu zu verlassen.
Möchtest du das wirklich?